01 / Breet – Sej Ômes
02 / Birdbones – Streamline
03 / Dick Laurent – Mad Donna
04 / Room Service – Nadilicious
05 / Frank Poole – S.A.N.T.O.
06 / CherryTree – Lonely Man
07 / Souljacker Duo – Lovesickness Hurts
08 / Moonlight in the Desert – All I wanna do
09 / Siamese Zessions – FlatSpiderFunk
10 / PRP Collective – Yearning Desire
An dëser Ausgab vun der Queesch hu mer eis en neit Konzept ausgeduecht, an zwar fir mat lokale «Produktiounsfirmen» aus dem musikalesche Beräich zesummenzeschaffen an hinne fräi Hand ze loossen, fir eng ganz Queesch-CD zesummenzestellen. D’Wiel ass zimlech séier op Poisson Rivière Productions, kuerz PRP, gefall, well mer aus hirem Haus schonn am Ganzen 3 Bands op de leschte Queesch-CDen haten (Breet, Siamese Zessions, Frank Poole). D’Membere vu PRP waren och direkt begeeschtert vun der Iddi an hu bis zum leschte Moment un de Lidder gefeilt. D’Resultat léisst sech nawell weisen! Als Revanche a fir d’Lëtzebuerger Musekszeen ze ënnerstëtzen, wëlle mer op dëser Plaz dann och PRP virstellen an si zu Wuert komme loossen. Am Gespréich hunn ech haut den Dan an de Pascal vu PRP.
Dat Ganzt huet mat eiser Band Breet ugefaang an enger éischter Erfahrung an engem Opnahmstudio. Enn 2005, no villem Prouwen, Schreiwen a Komponéiere vu Lidder, hu mer eis dozou entschloss, eng éischt CD opzehuelen, a mer sinn an e semi-professionnelle Studio gaang, fir dëse Projet duerchzezéien. D’Zäit am Studio huet eis als Band vill Erfahrung abruecht a Saachen CD ophuelen, Technik bedéngen, Lidder verschaffen asw. Doropshin hate mer souzesoe Blutt geleckt, a mer wollten dann och zimlech séier eng weider CD ophuelen. Well d’Schaffen an engem Studio eis op d’mannst esou vill Spaass gemaach huet wéi Musek spillen, hu mer einfach eise Budget geholl, dee mer fir dës nächst CD gesammelt haten, an a Material investéiert, fir se selwer als DIY-Produktioun opzehuelen (–> Zen Lunacy vu Breet). No dësem éischte Versuch konnte mer weider experimentéieren, andeems mer e puer Demoe fir verschidde Bands opgeholl hunn. Vun Ufank bis Mëtt 2009 un huet dat Ganzt dann ugefaang, e bëssche méi organiséiert a besser ze ginn, mat dem Ophuele vun den Albe fir Moonlight in the Desert a fir d’Birdbones, déi lo allen zwee viru Kuerzem erauskomm sinn a wou eiser Meenung no d’Resultat zimlech gutt ass. Ze vermierken ass, datt bis dohin a bal all Band, wou mer opgeholl hunn, ëmmer op d’mannst ee Member vun (der zukünfteger) PRP mat um Wierk war, sou datt d’Ophuelen an d’Produzéiere vu Musek éischter e kollegiale Charakter hat. Dat ass awer och de Grond, firwat mer eis entschloss hunn, fir PRP als Kollektiv ze grënnen, an och fir datt mer méi professionnell eriwwerkommen no baussen a fir eis Erfahrungen an och Déngschtleeschtungen neie Bands ubidden ze kënnen.
Et huet alles zu Fëschbech ugefaang, dat op Däitsch Fischbach heescht. Op Franséisch iwwersat gëtt dat da Poisson Rivière, a vu que datt mer als «Produktionsfirma» schaffe wëllen, si mer op Poisson Rivière Productions komm.
Am Moment si mer zu 4 Leit bei PRP, woubäi de Pascal am meeschten Energie dran investéiert an dee ganzen technesche Volet ofdeckt. Hie war et och, dee mat der Iddi komm ass, selwer opzehuelen, an hien huet dat éischt Mëschpult matbruecht, wouropshin et dann och direkt lassgaang ass mam Ophuelen. De Pascal ass einfach eise Mann fir alles. Den Erik ass dann éischter fir d’Ëffentlechkeetsaarbecht zoustänneg, d.h. PRP no baussen hi presentéieren a Kontakter ënnerhalen; hien ass quasi eise «Businessman», deen sech och gutt domat auskennt. Dann hu mer nach de Rik, eise Mentor oder Guru, deem seng Meenung vill gefrot ass vun eis anere Memberen an deen déi néideg Eckpfeiler gesat huet an domat erméiglecht huet, datt PRP entstan ass. Ouni hie wiere mer nach net sou wäit, wéi mer elo sinn. An zu gudder Lescht hu mer den Dan, deen e kreativen Input zu allem gëtt an d’Fiedem zitt. Hien ass dobäi ganz zilstrieweg a konsequent an der Ëmsetzung vun sengen Iddien, woumat hien zwar oft op Widerstand stéisst bei deenen aneren, mä wat am Endeffekt awer meeschtens gutt kléngt. Esou ass jidderee bei eis op deen aneren ugewisen, a mer funktionéiere just gutt am Kollektiv, andeems mer eis duerch eis verschidde Kompetenze géigesäiteg hëllefen an ergänzen.
Am Moment ass de Plang mol, d’Projete vun eise verschiddene Bands bis de Summer dëst Joer fäerdeg ze maachen, wat nach vill Zäit an Aarbecht kaschte wäert, well mer mëttlerweil schonn 9 Bands bei eis hunn. Mer sinn awer am Moment an engem gudde Rhythmus ënnerwee a komme gutt virun, sou datt mer geschwë prett sinn, fir nei Saachen unzefänken. Dobäi welle mer awer och hei gären ënnersträichen, datt PRP an Zukunft de Label an de Studio kloer trenne wäert. De Studio ass da wierklech just geduecht, fir Lidder opzehuelen an ze verschaffen an der Band eng fäerdeg CD ze liwweren. De Label PRP steet dann éischter fir Bands a Musek, déi eis selwer gefalen oder an deene mer selwer matspillen an an déi mer och vill Energie stiechen, fir datt sech eppes doraus entwéckelt. Eise Motto «Music and Passion» soll dann och ënnersträichen, wéivill eis alleguerten u Musek läit a wéi wichteg et fir eis all ass, datt de Projet PRP virugeet.
Jo, dat maache mer mëttlerweil och, a fir un eis ze kommen, ass ganz einfach: Schéckt eng Mail un info@prp.lu a beschreift är Iddien, zum Beispill ob et eng Demo, eng EP oder en Album soll ginn, ob et Live Recording gëtt oder e richtege Studioalbum. D’Band muss och net onbedéngt bei eis kommen, mir kënnen och bei d’Band an de Proufsall ophuele goen, well mer hunn e mobile Studio. Dëst ass natierlech ganz interessant fir d’Bands, déi kënnen esou hiren Album an hirem gewinnten Ëmfeld ophuelen a mussen hiert Material net hin- an hierschleefen. Dobäi leeë mer net onbedéngt en iwwerméissege Wäert op qualitativ héichwäerteg Opnahmen, mä mer wëllen, datt d’Band eng gutt Performance liwwert an sech wuelfillt bei den Opnahmen. Ëm e gudde Sound këmmere mer eis dann herno beim Mixen a Mastere vun der CD, vu que datt sech haut mat digitale Mëttele vill eraushuele léisst. Wuelverstan hu mer och verschidde Raim zur Verfügung, an d’Bands kënnen natierlech och bei eis komme fir opzehuelen. Mer funktionéieren einfach nom Motto, datt alles machbar ass: Mer kënnen do ophuelen, wou et gewënscht gëtt, soulaang mer déi néideg Autorisatioune kréien.
Am Moment si mer fräischaffend, mä mer sinn um Punkt, fir eis als Asbl ze grënnen, wat d’Funktionéiere vu PRP natierlech vereinfache wäert
Dat ass op alle Fall e Wonsch oder en Dram, Musek ass einfach eist Liewen, mä ‘t ass awer net de Sënn an Zweck, firwat mer elo Musek maachen – et ass einfach eis Begeeschterung, fir Musek ze maachen. Mer probéieren einfach, mat all eise Projete souwait ze kommen, wéi mer kënnen, a mer kucken, wat sech dorauser ergëtt.
Mer halen eis all Dieren op. Mer hunn zum Beispill scho 4 Joer hannerteneen en eegene Festival op d’Bee gestallt zu Lëntgen, bei Miersch, an zwar de «Sunside of Darkness», woubäi eise gréissten Erfolleg den Optrëtt vun Defdump als Headliner war, wou mer stolzer 350 Entréeën ziele konnten.
Majo, ganz einfach op www.prp.lu, oder op Facebook no Poisson Rivière Productions sichen an eis adden. Eis HP funktionéiert quasi wéi Myspace, all Band huet hir eege Säit, wou se sech virstellt, mer hu gratis Downloads op der Säit, an et kann een och all CDen, déi mer bis elo erausbruecht hunn, do bestellen.
== Interview by Eric Weirich